En Annexe déi 11 Héichwaasser Berichter fir d' Musel vum 16.11.2023 bis den 21.11.2023.
D’ Landesamt für Umwelt Rheinland-Pfalz (LfU) an déi lëtzebuergesch Waasser Verwaltung (AGE) hunn sech op eng eenheetlech Héichwaasser Previsioun op de Grenz Flëss Our, Sauer an Musel verstännegt:
AGE an LfU stellen sech an Zukunft géigesäiteg och Komponenten aus de Berichter zur Héichwaassersituatioun un de Grenzgewässer zur Verfügung an iwwerhuelen dës an hiren Héichwaasserberichter. Am Kader vun hirem Service vun den Héichwaasser Previsiounen stëmmen sech AGE an LfU regelméisseg of an entwéckelen gemeinsam hir Systemer fir d’ Previsioun weider.
Déi néideg Upassungen vun de Systemer a Rheinland-Pfalz an Letzebuerg geschéien Schrëtt fir Schrëtt am Laf vun den nächsten Méint. Bis zum Ofschloss vun den Upassungen gëllen technesch Iwwergangsregelungen déi e Betrib ouni Stéierungen garantéieren sollen.
Bis zum Ofschloss vun den erfuerderlechen Upassungen vun de Systemer ginn d’ Previsiounen un der Sauer iwwergangsweis vum LfU erstallt.
De vollstännegen Inhalt vum Communiqué de presse vum 19.09.2023 fannt dir ënnert dem Lien ënnendrënner.
Eis Péitenger Statioun, bis elo den eenzege Pegel am Maasanzuchsgebitt, gouf dëst Joer duerch Bauaarbechten ëmgestalt, fir an Zukunft Waasserstands- an Offlossmiessungen zouverlässeg a laangjäreg an alle Waasserstandsberäicher kënnen duerchzeféieren. Eng nei Pegeltrap mat engem säitlechen Aschnëtt fir d'Pegellat gouf gebaut, d'Uferen goufe mat naturnoe Waasserbausteng geséchert an d'Flossbett gouf dem existente Längsprofil vum Gewässer ugepasst. De Projet ass elo ofgeschloss sou datt den aktuelle Waasserstand nees op eiser Internetsäit publizéiert ka ginn.
Anbei die beiden Lageberichte für die Sauer vom Samstag, den 14. Januar 2023 und Sonntag, den 15. Januar 2023 und die Hochwasserinformation für die Mosel vom Montag, den 16. Januar 2023.